D’Olga ass zu Innsbruck op d’Welt komm an huet schonn als Kand dovunner gedreemt, eng Kéier Bicher ze schreiwen an ze illustréieren. Virun e puer Joren huet hatt dofir säi Beruff als Iwwersetzerin un den Nol gehaangen an schafft zanterhier als Illustratorin an Schrëftstellerin. No sengem éischte Kannerbuch „Bim & Anna“, dat et selwer geschriwwen huet an dat 2018 am Verlag Editions Guy Binsfeld erauskoum, huet d’Olga Reiff „Dem Eco seng Rees“ , geschriwwen vum Alex Fohl, an d’Kannerbuch „Mein Papa hieß Michel“, geschriwwen vum Simone Thill, illustréiert.
D’Inspiratioun fir seng Geschichten a Biller, déi et am léifsten mat Tusch an Aquarell oder och schwaarz-wäiss zeechent, fënnt et a sengem faarweräichen Familljenalldag oder an der Natur.
Donieft gëtt d’Olga seng Begeeschterung fir d'Schreiwen an Illustréieren gär an divers Atelieren weider. Dobäi ass et him wichteg, Kanner z'encouragéieren an hinnen ze weisen, dat a jidderengem e grousst kreatiivt Potential stiecht.
Weider Informatiounen iwwer d’Olga Reiff fënnt een och op der Plattform vu kulturama.lu